Fréijoersfest 14. Abrëll 2013 zu Dippech

 

Fir Fréijoersfest vun der CSV an LCGB Sektioun Dippech den 14. Abrëll 2013, hate vill Leit de Wee op d’Fest fond, hinnen alleguer nach eemol Merci.

Den Ufank war um 11.00 Auer mat engem Appero wou och ganz vill Leit present waren, ënnert anerem och verschidden Deputéierten a Minister.

De President Claude Bosseler huet an enger kuerzer Begréissungsried d’Leit wëllkomm geheescht an och d’Bezierkspresidenten an Deputéiert Sylvie Andrich-Duval huet an enger klenger Usproch de Leit e flotten Dag gewënscht.

An enger gudder Stëmmung a gudde Gespréicher ass nom Mëttegiessen dat ganzt nach mat flotter Danzmusek viru gaangen.

Merci der Kichenéquipe, déi fir zwee gutt Menüen gesuergt huet, der Equipe vun der CSV an dem LCGB, a virun allem eise Benevole Memberen déi ëmmer bereit sinn matzehëllefen. Ouni dës vill Hänn ass esou e Fest net ze realiséieren.

Mir freeën eis Iech all 2014 gesond a monter erëm ze gesinn.

1243K1024_CSV_Freijorsfest2013331119K1024_CSV_Freijorsfest20130918K1024_CSV_Freijorsfest201314916137815126K1024_CSV_Freijorsfest20131151714202122