Generalversammlung war den 7. Mäerz 2014 zu Betten op der Mess.
D’Versammlung gouf opgemaach duerch de President Claude Bosseler. Duerno gouf den Aktivitéitsbericht an den Keessebericht 2013 presentéiert.
Dippecher Sektioun huet och dëst Joer 4 Membere fir 25 an 30 Joer Parteizougehéiregkeet geéiert.
De Bezierkspresident Félix Eischen huet e ganz interessante Virtrag iwwert aktuell politesch Aktualitéite gehalen.
Zum Schluss huet de President am Numm vum Comité dem Monique Gentilini-Schaedgen zesumme mam Jean-Paul Rischard deen 2 Mandater laang President war, Merci gesot fir 10 Joer Tätegkeet als Sektiounssekretärin.
Bei engem klenge Maufel an engem Patt gouf dësen Owend a gudder Gesellschaft ofgeschloss.
















