Den Lokalpräsident Claude Bosseler huet d’Leit begréisst an si iwwert den aktuellen politeschen Stand an der Gemeng informéiert.
Duerno goufen verschidden Memberen fir 25, 30 an 50 Joer Parteizougehéiregkeet geéiert.
Nodeems d’Sekretärin Monique Gentilini hiren Aktivitéitsbericht virgeluecht hat huet si matgedeelt dat si no laangjäreger Tätegkeet hiert Amt als Sekretär nidderleet an datt Chantal Back-Scharry hir Nofolgerin gëtt.
Den Deputéierten an Parteipräsident Marc Spautz huet en Referat gehalen iwwert déi aktuell politesch Themen an den Referendum vum 07.Juni 2015.
Zum Schluss krut Sekretärin Monique Gentilini, Merci gesot fir hir Aarbecht an deenen 12 Joer, an der Nofolgerin Chantal Back-Scharry gouf alles Guddes fir hiert neit Amt gewënscht.
Bei engem gemittlechen Maufel a Patt gouf dësen sympatheschen Owend ofgeschloss.
Den Komitee : Claude Bosseler, Alphonse Dominicy, Patrick Gesellchen, Elvire Gilles, Armand Kariger, Alain Mausen, Andrea Moro, Carlo Neu, J.P. Rischard, Claudine Reuter-Gilles, Chantal Scharry-Back, Gaby Schaul, Benoît Theisen, Hubert Van Wissen.