All Är 11 Stëmme fir d’CSV-Dippech

All meng Stëmmen fir d’Lëscht 3!

  • Ech kräizen de Rondel un, da kritt
    jidder Kandidat vun der CSV eng Stëmm.
  • Oder ech verdeele meng 11 Stëmmen op der
    Lëscht 3 a passen op, dass ech der net méi wéi 11 verginn. 

Ech stëmmen d’CSV. Da stëmmt meng Gemeng.

 

Wahlprogramm CSV Dippech

Eise Wahlprogramm hu Dir sécher virun e puer Deeg an Ärer Boîte fonnt. Sollt dat net de Fall gewiescht sinn, kënnt Dir Iech gäre bei engem vun de Kandidate mellen oder iwwert dippech@csv.lu Äert Exemplar ufroen. Dir kennt och, duerch klicken op d’Titelsäit hei drënner, eise Programm eroflueden.

Notre programme électoral vous a été distribué il y a quelques jours. Si vous ne l’avez pas reçu, n’hésitez pas à contacter l’un de nos candidats ou demandez votre exemplaire par courrier électronique à dippach@csv.lu. Vous pouvez également télécharger notre programme en cliquant ci-dessous.

 

CSV Dippech Programm 2017

Generalversammlung 27. Februar 2015 zu Dippech

K800_IMG_5872 K800_IMG_5873 K800_IMG_5878 K800_IMG_5879 K800_IMG_5881 K800_IMG_5882 K800_IMG_5885 K800_IMG_5871

Den Lokalpräsident Claude Bosseler huet d’Leit begréisst an si iwwert den aktuellen politeschen Stand an der Gemeng informéiert.

Duerno goufen verschidden Memberen fir 25, 30 an 50 Joer Parteizougehéiregkeet geéiert.

Nodeems d’Sekretärin Monique Gentilini hiren Aktivitéitsbericht virgeluecht hat huet si matgedeelt dat si no laangjäreger Tätegkeet hiert Amt als Sekretär nidderleet an datt Chantal Back-Scharry hir Nofolgerin gëtt.

Den Deputéierten an Parteipräsident Marc Spautz huet en Referat gehalen iwwert déi aktuell politesch Themen an den Referendum vum 07.Juni 2015.

Zum Schluss krut Sekretärin Monique Gentilini, Merci gesot fir hir Aarbecht an deenen 12 Joer, an der Nofolgerin Chantal Back-Scharry gouf alles Guddes fir hiert neit Amt gewënscht.

Bei engem gemittlechen Maufel a Patt gouf dësen sympatheschen Owend ofgeschloss.

Den Komitee : Claude Bosseler, Alphonse Dominicy, Patrick Gesellchen, Elvire Gilles, Armand Kariger, Alain Mausen, Andrea Moro,  Carlo Neu, J.P. Rischard, Claudine Reuter-Gilles, Chantal Scharry-Back, Gaby Schaul, Benoît Theisen, Hubert Van Wissen.

jpeg_2

 

Mam Zuch an Stad 7. November 2014

Komiteesmemberen vun der Dippecher Sektioun zesummen mat hire Partner sinn mam Zuch an Stad gefuer wou si all zesummen e gemittlechen Owend verbruecht hunn.

Elei e pur flott Biller vun eiser Equipe :

K800_IMG_3986K800_IMG_3985K800_IMG_3983K800_IMG_3988

K800_IMG_3969K800_IMG_3978K800_IMG_3966K800_IMG_3977K800_IMG_3970K800_IMG_3981K800_IMG_3972K800_IMG_3974