Grillfest Sprénkeng 25. Juli 2014

Bei guddem Wieder an enger flotter Ambiance hunn Komiteesmemberen zesummen mat hiren Partner zu Sprénkeng am Haff gegrillt.

Mat engem gudden Maufel a Patt gouf dat 1. Semester 2014 ofgeschloss a fänkt erëm mat der Rentrée am September un.

Elei e pur flott Biller vun dësem Owend.

K1600_IMG_5588 K1600_IMG_5597K1600_IMG_5599

K1600_IMG_5579 K1600_IMG_5577 K1600_IMG_5598    K1600_IMG_5576

K1600_IMG_5562K1600_IMG_5596K1600_IMG_5559 K1600_IMG_5589 K1600_IMG_5585 K1600_IMG_5586 K1600_IMG_5582K1600_IMG_5561K1600_IMG_5592

K1600_IMG_5573Et feelen d’Claudine Reuter-Gilles (a Vakanz) an den Benoît Theisen (Tour de France)

Freijoersfest 4. Mee 2014 zu Dippech

D’ Dippecher CSV Sektioun huet den 4. Mee erëm op hiert traditionellt Fréijoersfest am Kulturzenter zu Dippech. Vill Leit sinn der Invitatioun no komm a d’Sektioun seet hinnen nodréiglech nach eng Kéier Merci fir hir Ënnerstëtzung.

Mir haten déi grouss Freed an eise Reien d’Kandidate fir d’Europawahlen ze begréissen.

No der Begréissungsried vum President Claude Bosseler huet Madame Viviane Reding hir Equipe de Leit virgestallt, dëst an engem ganz sympathesche Kader.

Nom Mëttegiesse gouf op aal bekannte Museksstécker, gespillt vum Isabelle Chaussy, an déi fir flott Stëmmung gesuecht hunn, sech gutt amuséiert a gedanzt.

Géint Owend gouf dëse ganz sympatheschen Dag mat ganz vill Freed op déi grousse Succès déi mir haten ofgeschloss.

Sektioun Dippech freet sech elo schonn op hiert nächst Fréijoersfest 2015, an hofft iech all do erëm ze gesinn.

Elei nach e pur flott Fotoen.

K800_2014-05-04 12.48.13

                          K800_2014-05-04 12.20.15K800_2014-05-04 11.28.56

 K800_2014-05-04 12.13.32K800_2014-05-04 12.18.53K800_2014-05-04 12.23.41K800_2014-05-04 12.30.28K800_2014-05-04 12.33.21K800_2014-05-04 12.19.462014-05-04 13.17.50K800_2014-05-04 12.29.09K800_2014-05-04 13.18.09K800_2014-05-04 15.09.46K800_2014-05-04 15.17.03K800_2014-05-04 15.09.14K800_2014-05-04 15.10.39K800_2014-05-04 15.15.53K800_2014-05-04 15.17.17K800_2014-05-04 15.19.58

K800_2014-05-04 15.37.40

Generalversammlung 7. März 2014 zu Betten op der Mess

 

Generalversammlung war den 7. Mäerz 2014 zu Betten op der Mess.

 

D’Versammlung gouf opgemaach duerch de President Claude Bosseler. Duerno gouf den Aktivitéitsbericht  an den Keessebericht 2013 presentéiert.

K800_IMG_4665 K800_IMG_4664K800_IMG_4662

Dippecher Sektioun huet och dëst Joer 4 Membere fir 25 an 30 Joer Parteizougehéiregkeet geéiert.

K800_IMG_4669K800_IMG_4668K800_IMG_4658

De Bezierkspresident Félix Eischen huet e ganz interessante Virtrag iwwert aktuell politesch Aktualitéite gehalen.

 K800_IMG_4678K800_IMG_4681 K800_IMG_4682

Zum Schluss huet de President am Numm vum Comité dem Monique Gentilini-Schaedgen zesumme mam Jean-Paul Rischard deen 2 Mandater laang President war, Merci gesot fir 10 Joer Tätegkeet als Sektiounssekretärin.

K800_IMG_4672 K800_IMG_4674

Bei engem klenge Maufel an engem Patt gouf dësen Owend a gudder Gesellschaft ofgeschloss.

K800_IMG_4683 K800_IMG_4686K800_IMG_4689_1

 K800_IMG_4690_1K800_IMG_4688_1K800_IMG_4687

 

 

Neijoerspatt 10. Januar 2014 zu Dippech

K800_IMG_3132

Bei engem gemittleche Patt, engem klenge Maufel, bei gudder Laun ewéi och bei konstruktive Gespréicher war et dem CSV Comitée, eng grouss Freed hir Matbierger aus der Gemeng esou ewéi och all d’ Noppeschsektiounen an hirer Mëtt ze begréissen.

K800_IMG_3129K800_IMG_3133K800_IMG_3128K800_IMG_3131K800_IMG_3130

Wahlversammlung 23. September 2013 zu Bettange-Mess

 

Den 23. September 2013 hunn Kandidate fir de Süden sech am Centre Culturel zu Bettange-Mess virgestallt.

Et war eng gutt besichte Wahlversammlung déi ganz am oppenen Dialog mat der Bierger aus der Dippecher Gemeng gefouert gouf.

IMG_2967IMG_2965

CSV Konvent 28. Juli 2013 zu Ettelbréck

Dippecher Sektioun war vertruede mat hire Bezierksdelegéierten a Memberen.

Iwwert 1000 Leit waren op dësem Konvent present, dovu 770 Delegéierten déi mat ofgestëmmt hunn fir déi 60 Kandidatinnen a Kandidaten déi mat an d’Chamberwahle vum 20. Oktober 2013 ginn, an dem Premier Jean-Claude Juncker hiert Vertrauen a seng Persoun, genau esou ewéi och an a seng Politik ausgesprach hun.

Um Link vun CSV.lu kennt dir nach mei Detailer a Fotoen fannen.

IMG_2741IMG_2743IMG_2744IMG_2750IMG_2747IMG_2752

Südbezierkskomitee 22. Mee 2013 zu Bettange-Mess

 

D’Organisatioun vum Südbezierkscomité ass vun der Dippecher CSV Sektioun organiséiert ginn.

An Präsenz vu 45 Memberen, am Kulturzenter zu Bettange-Mess, huet CSJ um 18.30 hire Comité ofgehalen,

direkt duerno um 20.00 Auer war dann de Comité vun der CSV Südbezierk.

No de Comitéë goufen nach ganz interessant Diskussioune mat der Dippecher Sektioun gefouert

an dat ganzt ass mat enger Agape ofgeschloss ginn.

K800_IMG_2606K800_IMG_2604IMG_2599K800_IMG_2600K800_IMG_2602K800_IMG_2603

Fréijoersfest 14. Abrëll 2013 zu Dippech

 

Fir Fréijoersfest vun der CSV an LCGB Sektioun Dippech den 14. Abrëll 2013, hate vill Leit de Wee op d’Fest fond, hinnen alleguer nach eemol Merci.

Den Ufank war um 11.00 Auer mat engem Appero wou och ganz vill Leit present waren, ënnert anerem och verschidden Deputéierten a Minister.

De President Claude Bosseler huet an enger kuerzer Begréissungsried d’Leit wëllkomm geheescht an och d’Bezierkspresidenten an Deputéiert Sylvie Andrich-Duval huet an enger klenger Usproch de Leit e flotten Dag gewënscht.

An enger gudder Stëmmung a gudde Gespréicher ass nom Mëttegiessen dat ganzt nach mat flotter Danzmusek viru gaangen.

Merci der Kichenéquipe, déi fir zwee gutt Menüen gesuergt huet, der Equipe vun der CSV an dem LCGB, a virun allem eise Benevole Memberen déi ëmmer bereit sinn matzehëllefen. Ouni dës vill Hänn ass esou e Fest net ze realiséieren.

Mir freeën eis Iech all 2014 gesond a monter erëm ze gesinn.

1243K1024_CSV_Freijorsfest2013331119K1024_CSV_Freijorsfest20130918K1024_CSV_Freijorsfest201314916137815126K1024_CSV_Freijorsfest20131151714202122

 

 

Generalversammlung 15. März 2013 zu Dippech

 

A senger Begréissungsried ass de Sektiounspresident Claude Bosseler och op déi aktuell politesch Themaen an der Gemengepolitik agaangen.

 

Den Deputéierte Gilles Roth huet a sénger Ried iwwert verschidden politesch Aktualitéiten geschwat, de SREL, d’Homobestietnisser, d’Adoptioun an Trennung vu Kierch a Staat.

 

Dëst Joer war et der Sektioun eng Éier, Membere fir 25 an 30 Joer Parteizougehéiregkeet ze éieren dëst:

Madame Elvire Gilles-Hermes, d’Madame Francine Reinert an den Här Guy Nilles.

 

An enger ganz sympathescher Ofschlossried vum Fraktiounspresident Marc Spautz ass dësen Owend mat engem Éierewäin, dee vun der Dippecher Sektioun offréiert gouf, ofgeschloss gin.

 

2013_03_15_9999_92013_03_15_9999_22 2013_03_15_9999_312013_03_15_9999_15 2013_03_15_9999_16_22013_03_15_9999_29 2013_03_15_9999_34