Generalversammlung war den 7. Mäerz 2014 zu Betten op der Mess. D’Versammlung gouf opgemaach duerch de President Claude Bosseler. Duerno gouf den Aktivitéitsbericht an den Keessebericht 2013 presentéiert. Dippecher Sektioun huet och dëst Joer 4 Membere fir 25 an 30 Joer Parteizougehéiregkeet geéiert. De Bezierkspresident Félix Eischen huet e ganz interessante Virtrag iwwert aktuell politesch ...
Non classé
Neijoerspatt 10. Januar 2014 zu Dippech
Bei engem gemittleche Patt, engem klenge Maufel, bei gudder Laun ewéi och bei konstruktive Gespréicher war et dem CSV Comitée, eng grouss Freed hir Matbierger aus der Gemeng esou ewéi och all d’ Noppeschsektiounen an hirer Mëtt ze begréissen.
Wahlversammlung 23. September 2013 zu Bettange-Mess
Den 23. September 2013 hunn Kandidate fir de Süden sech am Centre Culturel zu Bettange-Mess virgestallt. Et war eng gutt besichte Wahlversammlung déi ganz am oppenen Dialog mat der Bierger aus der Dippecher Gemeng gefouert gouf.
CSV Konvent 28. Juli 2013 zu Ettelbréck
Dippecher Sektioun war vertruede mat hire Bezierksdelegéierten a Memberen. Iwwert 1000 Leit waren op dësem Konvent present, dovu 770 Delegéierten déi mat ofgestëmmt hunn fir déi 60 Kandidatinnen a Kandidaten déi mat an d’Chamberwahle vum 20. Oktober 2013 ginn, an dem Premier Jean-Claude Juncker hiert Vertrauen a seng Persoun, genau esou ewéi och an a seng Politik ausgesprach hun. Um Link vun CSV.lu kennt ...
Südbezierkskomitee 22. Mee 2013 zu Bettange-Mess
D’Organisatioun vum Südbezierkscomité ass vun der Dippecher CSV Sektioun organiséiert ginn. An Präsenz vu 45 Memberen, am Kulturzenter zu Bettange-Mess, huet CSJ um 18.30 hire Comité ofgehalen, direkt duerno um 20.00 Auer war dann de Comité vun der CSV Südbezierk. No de Comitéë goufen nach ganz interessant Diskussioune mat der Dippecher Sektioun gefouert an dat ganzt ass mat enger Agape ofgeschloss ...
CSV ON TOUR
Fréijoersfest 14. Abrëll 2013 zu Dippech
Fir Fréijoersfest vun der CSV an LCGB Sektioun Dippech den 14. Abrëll 2013, hate vill Leit de Wee op d’Fest fond, hinnen alleguer nach eemol Merci. Den Ufank war um 11.00 Auer mat engem Appero wou och ganz vill Leit present waren, ënnert anerem och verschidden Deputéierten a Minister. De President Claude Bosseler huet an enger kuerzer Begréissungsried d’Leit wëllkomm geheescht an och ...
Generalversammlung 15. März 2013 zu Dippech
A senger Begréissungsried ass de Sektiounspresident Claude Bosseler och op déi aktuell politesch Themaen an der Gemengepolitik agaangen. Den Deputéierte Gilles Roth huet a sénger Ried iwwert verschidden politesch Aktualitéiten geschwat, de SREL, d’Homobestietnisser, d’Adoptioun an Trennung vu Kierch a Staat. Dëst Joer war et der Sektioun eng Éier, Membere fir 25 an 30 Joer ...
Bezierkskongress Süden 2013 zu Äischen-Habscht
De Bezierkskongress Süden 2013 war dëst Joer zu Äischen am Kulturzentrum. Begréissung duerch de President vun der Sektioun Äischen-Habscht Serge HOFFMANN mat Usprooch vum Premier Jean-Claude JUNCKER. Mat derbäi Bezierksdelegéierten vun der Dippecher Sektioun. Wann dir gäre méi iwwert Themae vun dësem Owend liese wëllt da klickt uewen rechts op de Link vun : CSV.lu
Neijoersempfang 18. Januar 2013 zu Betten