Fréijoersfest 2009

collagen-freijoersfest-2009-2

Wéi d’Traditioun et wëllt, hunn d’CSV-Dippech an den LCGB-Dippech och dëst Joër den 19. Abrëll 2009, op hiert traditionnellt Fréijoersfest invitéiert. Dës Manifestatioun war eng grouss Réussite, souwuel duerch d’Zuel wéi och d’Prominenz vun eise Gäscht, déi bei eis komm sinn.

Ze bemierken ass, dass souwuel eise Premier-, Stats- a Finanzminister Jean-Claude Juncker a Begleedung vun sénger Fra eis mat hierer Präsenz beéiert hunn. Mir hunn eis och gefreet eise Aarbéchtsminister Fränz Biltgen, deen zugläich och Nationalprësident vun eiser Partei ass, an eiser Mëtt ze begréissen ze kënnen.

Ausserdeem hat eng grouss Zuel vu Kandidaten, déi un den nächsten Legislatur-wéi och Europawalen deelhuelen, sech zu eis gesellt. Et waren dëst:

Här Gilles Roth, Deputéierten a Buergermeeschter vu Mamer, Här Michel Wolter, Deputéierten a Prësident vun der CSV-Franktioun an der Chamber

Här Marc Spautz, Deputéierten a Prësident vun der CSV-Südbezierk, Mme Chrisitine Doerner, Deputéiert a Prësidentin vun der CSF

Mme Sylvie Andrich-Duval, Deputéiert, Här Norbert Haupert, Deputéierten, Här Serge Hoffmann, Buergermeeschter vun Habscht, Här Pierre Mellina, Buergermeeschter vu Péiteng

Mme Martine Deprez, Adjointe am Generalsekretariat, Här Jeannot Clement, Här Felix Eischen,

Mme Nathalie Morgenthaler, Mme Carine Reuter-Bauler

Mme Astrid Lulling, Europadeputéiert, Kandidatin fir d’Europawalen an den Här Roger Weber, Buergermeeschter vu Schengen, Kandidat fir d’Europawalen.

Eise Buergermeeschter, de Claude Bosseler, selwer Kandiat fir d’Landeswalen, huet eis Gäscht am Numm vun der CSV-Dippech an dem LCGB-Dippech wëllkomme geheescht. Eng 140 Persounen haten sech am Viraus fir d’Iessen ugemellt a vill aner Bierger hate sech fir den Apéritif afond oder sinn am spéiden Nomëtten bei eis komm.

*************************************************************************************

En ganz groussen MERCI geet un Equipe CSV – LCGB Dippech déi durch hir gutt Organisatioun, Hëllef an Asaz zur Réussite vum FRÉIJOERSFEST 2009 beigedruen hun,ouni si alleguer ass esou eng Manifestatioun net ze réaliséieren.

equipe-csv