Fréijoersfest 2011

Den 8. Mee 2011, hunn déi lokal Sektiounen vun der CSV a vum LCGB op hiert traditionellt Fréijoersfest agelueden.

Och dëst Joer war d’Manifestatioun zu Dippech am Kulturzenter e vollen Erfolleg, souwuel wat d’Präsenz vun den Awunner aus der Gemeng betrëfft wéi och de Besuch vun Deputéierten,Buergermeeschteren an Memberen vun Nospeschsektiounen.

Als Eieregäscht hu mir begréisst Bezierkspresidentin Sylvie Andrich-Duval, Deputéiert Christine Doerner, Félix Eischen, Gilles Roth, de Generalsekretär Marc Spautz, de Bezierkssekretär Jeannot Clement.