Fréijoersfest CSV / LCGB 2012

 

Den 22. Abrëll 2012, hunn déi lokal Sektiounen vun der CSV an dem LCGB op hiert traditionellt Fréijoersfest agelueden.

D’ Manifestatioun déi am Dippecher Kulturzenter ofgehalen gouf war e vollen Erfolleg a mir soen all deene Leit aus der Gemeng, déi all Joer bei ons kommen, genau esou ewéi onsen Deputéierten, Presidenten a Memberen vun de Nopeschsektiounen Merci dat si ëmmer erëm vun neiem derbäi sinn.

An enger kuerzer Usproch huet de nei gewieltenen President Claude Bosseler d’Gäscht wëllkommen gehéicht, deem huet sech ugeschloss d’ Bezierkspresidentin an Deputéiert Sylvie Andrich-Duval.

Bei flotter Danzmusek am Nomëtteg gouf dunn nach e klengen Tour op al a bekannte Lieder gedanzt.