Generalversammlung 2012

De President Jean-Paul Rischard huet a senger Begréissungsried nach eemol Bilanz gezunn iwwert den Oflaf an den Ausgang vun de Walen 2011. No zwee Mandater vun sech Joeren muss de Jean-Paul Rischard laut Statuten vum Posten als President zrécktrieden. Fir seng gutt Aarbecht am Déngscht vun der Sektioun an all deene Joeren an de gudden Equipegeescht gouf him vum Comitée e Cadeau iwwerreecht, de Jean-Paul Rischard bleift Member am Comité.

Als neien President gouf de Claude Bosseler gewielt.

Als Vize-Presidenten goufen gewielt den Carlo Neu an den Alain Mausen.

Sekretärin bleift Monique Gentilini-Schaedgen an den Armand Kariger, Keessier.

Memberen vum Comité sinn den Patrick Gesellchen, Elvire Gilles-Hermes, Claudine Reuter-Gilles, Jean-Paul Rischard, Gaby Schaul Fonck, Benoît Theisen, Hubert Van Wissen an den André Weis.

Den Alphonse Dominicy deen e bëssen méi lues well maachen krut den Eierentitel

vun ” Eierevizepresident” fir all seng loyal a gutt Déngschter am Numm vun der Dippecher Sektioun.

Och huet CSV Dippech sech gefreet dat erëm vill vun den Memberen op der Generalversammlung present waren.

 

An de Rieden zu der Politescher Aktualitéit huet d’ Bezierkspresident Sylvie Andrich-Duval iwwert Rentereform geschwat.

Duerno huet den Deputéierten Gilles Roth e Referat gehalen zu den Recetten vum Staat iwwert d’Steieren an d’Accisen.

D’Sektioun Dippech hat d’ Éier 14 Memberen ze honoréieren fir 25, 30, 40 a 50 Joer an der Partei.

Der Deputéierten Sylvie Andrich-Duval war et eng Éier dësen Memberen d’ Certificaten mat

selwer a gëllen Spéngel an e Buch ze iwwerreechen.

Fir 25 Joer an der Partei : Joël Gilles, Sylvie Kariger-Delhalt, Reiny Maller, Fränz Theis, Helène Thelen, Hubert Van Wissen,  Erny Weber.

Fir 30 Joer : Léopold Becker

Fir 40 Joer : Carlo Neu a François Neu

Fir 50 Joer : Alphonse an Agnès Dominicy-Urbany, Raymond Welter.

Aus Altersgrënn hunn opgehalen am Comité de Jacques Peltier an den Erny Wesquet, och si hunn fir vill geleeschten Déngschter e Cadeau iwwerreecht kritt.

D’ Ofschlossried huet den Generalsekretär Marc Spautz gehalen a der Sektioun weiderhin vill Succès gewënscht.

 

Bei engem Patt an engem klengen Maufel offréiert vun der CSV Dippech konnten d’Leit nach e  pur gemittlech Momenter zesummen verbréngen an och hier Froen un Éieregäscht esou ewéi un d’ Gemengekonselljeeën stellen.