Nohalteg.
Eng besser Liewensqualitéit
ENG WUNNENG FIR JIDDEREEN
- Wunnenge schafen, déi fir eis eeler Awunner souwéi Leit mat spezifesche Besoinen ugepasst sinn
- Schafen vu bezuelbarem Wunnraum an aféieren vun neien Wunnkonzepter (Tiny Houses, Wunngemeinschaften, …)
- Sënnvoll Erweiderungen vum PAG an Upassung vum Bautereglement fir onnéideg administrativ Hürden a Käschte ze verhënneren
NATURSCHUTZ A BIODERVISITÄT
- Méi Begréngung rondrëm d’Haiser, manner Schottergäert
- Méi Blummewisen
- Méi Beem planzen, z. B. och fir all neigebuerent Kand
- Manner Salz streeën am Wanter
BESSER VERKÉIERSKONZEPTER
- Verkéiersberouegung dank Tempo 30-Zonen
- Verengungen an Inselen am Agang vun den Dierfer
- „Shared spaces” an den Duerfkären
- Den öffentlechen Transport méi attraktiv maachen
- Méi Parkplazen bei de Garen a laanscht d’Buslinnen
- Verschidde Parkplazen zäitlech limitéieren
- Parking fir Betribscamionetten
SÉCHER ZU FOUSS AN UM VELO ENNERWEE
- Weider Fouss- a Velosweeër fir eis Dierfer a Quartieren mateneen ze verbannen
- Fouss- a Velosweeër besser virum Verkéier ofsécheren
- Pedibus fir Sprénkeng a Schuller
- Méi Vitesskontrollen um Schoulwee vun eise Kanner
- Gutt Beliichtung vun all den Zebrasträifen
- Sécheren Zougang mam Velo an zu Fouss bei d’Schoul
- Intelligent Stroossebeliichtung, fir ze vermeiden, dass et nuets komplett däischter gëtt
ËNNERSTËTZUNG BEI NATURKATASTROPHEN
- Besseren Héichwaasserschutz duerch méi Réckhaltebecken an -zonen, Dämm, Frühwarnsystemer
- Finanziell Ënnerstëtzung fir Preventiounsmossnamen
- Ënnerstëtzung vun de betraffenen Affer
GESONDHEET STÄERKEN
- Couren ubidden fir eng staark mental a kierperlech Gesondheet vun eisen Awunner
- Ee Gesondheetshaus mat verschiddenen medizineschen Servicer
- Eng gutt Qualitéit vum Drénkwaasser garantéieren an dës Ressource nohalteg verbrauchen
RESSOURCEN A LIEWENSMËTTEL EFFIKASS NOTZEN
- Anti-Gaspi Frigo
- Repair-Café
- Kreeslaafwirtschaft fërderen wéi z. Bsp. duerch d’Ausléinen vun Handwierks- a Gaardegeschier
BETRIBER ËNNERSTËTZEN
- Méi Ënnerstëtzung a Visibilitéit fir eis lokal Betriber a Commercen an hir Aarbechtsplazen
- Betriber unzéien, déi d’alldeeglech Besoinen vun de Bierger ofdecken
- Wirtschaftlech Acteuren aus der Sozial- a Solidarwirtschaft ënnerstëtzen an unzéien
VERANTWORTUNGSVOLL FINANZEN
- Verantwortungsvollen Ëmgang mat de Gemengefinanzen
- Prioritär Investissementer fir d’Allgemengheet an d’Sécherheet
- Keng Ausgaben fir onnéideg Projeten