Skip to content

Kuerzfassung vun eisem Programm

Komplette Programm

Léif Biergerinnen a Bierger, léif alleguer, 

D’Erausfuerderungen vun der Zukunft si grouss, och fir eis Gemeng an eis Bierger. Mat net manner wéi 4700 Awunner sollte mir als Gemeng mateneen dës Erausfuerderungen ugoen an dozou bäidroen Léisungen ze fannen. 

Dat hei ass e Walprogramm, mat deem d’Weiche gestallt gi fir d‘Zukunft. D’Iddien sinn sécher net alleguer an enger Legislaturperiod ëmsetzbar, mee mir wollten Iech ee Bléck an d’Zukunft geheien loossen. Mir brauchen als Gemeng eng staark, laangfristeg politesch Visioun. 

Mir si prett a voller Energie fir Dippech vu muer matzegestalten!

INNOVATIV

Nei Weeër goen

Mir wëllen eis dofir asetzen, dass eis Gemeng innovativ Léisungen fënnt. Mir brauchen nei Iddien, déi d’Gemeng an eis Bierger weiderbréngen. Mir sollten dobäi op kee Fall zécken neiaarteg Projeten op d’Been ze stellen an d’Suen an de Grapp ze huelen.

Eng besser Kommunikatioun

Internetsite vun der Gemeng ass ee wichtegen Outil wou eis Bierger a Biergerinnen all Informatiounen fanne kënnen iwwert d’Liewen an der Gemeng, d’Gemengepolitik, déi verschidden administrativ Demarchen, d’Veräiner, Manifestatiounen, Fräizäitaktivitéiten, Gebräicher an Traditiounen zu Lëtzebuerg, déi verschidden Ulafstellen, un déi si sech wende kënnen, fir Informatiounen, Berodungen oder Hëllef ze kréien, asw. 

  • Administrativ Demarchen wäerte mir souwäit wéi méiglech weider vereinfachen an digitaliséieren, fir dass de Bierger verschidde vun sengen Demarchen ka vun doheem aus maachen. 
  • Imatiounen op Pabeier sollen weiderhinn bestoe bleiwen, fir déi Leit, déi net digital ënnerwee sinn. Allerdéngs wëlle mir an Zukunft de Bierger d’Méiglechkeet ubidden, fir op de Pabeier ze verzichten.
  • Setzen eis an fir méi Transparenz. Sou sollen d’Bierger besser a reegelméisseg iwwert déi grouss Projeten a Chantieren an eiser Gemeng informéiert ginn. 
  • Och sollen d’Berichter iwwert d’Gemengerotssitzungen d’Interventiounen esou wéi och d’Froen a Propositioune vun all de Conseilleren festhalen.
  • Des Weideren setze mir eis derfir an, dass eis Gemeng eng Noperschaftsapp fir hir Bierger aféiert. Esou kënnen nei Awunner schnell Kontakt mat anere Leit aus hirem Quartier ophuelen, an Informatiounen iwwert d’Liewen an der Gemeng kréien. 
  • Mir wëllen och déi nei digital Moyenen analyséieren, déi der Maison relais eng vereinfacht Gestioun erlaben an déi d’Elteren aktiv mat abezéien, an hinnen dës zur Verfügung stellen.

Méi Partizipatioun

Eng aktiv Biergerbedeelegung muss d’Zil vun der Gemeng sinn. Jiddwerengem seng Meenung soll zielen, op jonk oder al. Mir wärten eis dowéinst engagéieren fir regelméisseg Biergerversammlungen- a Consultatiounen ze organiséieren wann et ënnert anerem em d’Neigestaltung vun engem Quartier oder engem öffentleche Gebai geet a reegelméisseg Atelieren zu deene verschiddensten Themen mat de Bierger organiséieren. Och d’Veräiner sollen an dës partizipativ Consultatiounen mat agebonne ginn.

  • D’Meenung vun eise jéngste Matbierger an hir Uleies si fir eis ganz wichteg a soll mat an d’Gemengepolitik afléissen. Duerfir soll d’Aféierung vun engem Kanner- a Jugendrot  endlech Realitéit ginn a begleet ginn, fir dass en dauerhaft bestoe bleiwe kann. Dëse Kanner- a Jugendrot soll de Jugendlechen et och erméiglechen, hiren Interessi un der Politik ze fërderen. 
  • D’Roll vun den aktuellen Kommissiounen muss gestäerkt an nei définéiert ginn. Si sollen am Virfeld iwwert d’Projeten informéiert ginn an hiren Avis dozou kënne ginn respektiv selwer dem Gemengerot hir Virschléi kënnen ënnerbreeden. Duerch eng aktiv Partizipatioun sollen d’Kommissiounen besser an d’Entscheedungsprozesser vun der Gemeng agebonne ginn.
  • Duerch regelméisseg Aarbechtssëtzungen soll och de ganze Gemengerot méi mat an d’Ausschaffe vun de Projeten mat agebonne ginn.
  • Mir wärten ausserdeem eng Plattform schafen, déi et souwuel deene jéngsten wéi och deenen eeleren Generatiounen erlaabt, aktiv hir Meenung an hir Virschléi am Interessi vun de Bierger matzedeelen.

Eng lieweg Gemeng

Am Juni 2022 huet d’Gemeng Dippech de Pakt vum Zesummeliewen ënnerschriwwen. Mir engagéieren eis, fir dëse Pakt ëmzesetzen a fir d’Zesummeliewen an eiser Gemeng nei ze gestalten fir de sozialen Zesummenhalt an der Gesellschaft ze stäerken an all eis Bierger mat anzebannen.

  • D’Integratioun vun neie Matbierger ass ee wichtegt Element fir ee flott Zesummenliewen an eiser Gemeng ze fërderen. An deem Sënn setze mir eis dofir an, dass motivéiert Awunner d’Roll vun engem Ambassadeur fir nei Awunner iwwerhuelen an hinnen sou am Alldag bei de klengen a groussen Froen iwwert de Fonctionnement an d’Zesummenliewen an eiser Gemeng weiderhëllefen kënnen.
  • Mir wëlle Geleeënheete schafen, wou d’Leit sech begéinen, nei Kontakter kneppen an sech austausche kënnen. Sou sollen nieft den traditionelle Fester vun de Veräiner an der Gemeng, reegelméisseg gemeinsam Mëttegiessen an Ausflich oder ee Brunch um Weekend, flott Fräizäitaktivitéiten fir all Alter, Spillnomëtteger, gemeinsam Trëppeltir, ee Laftreff asw. organiséiert ginn.
  • Och soll reegelméisseg ee lokale Maart den Awunner eng Geleeënheet bidden fir sech ze begéinen an an engems déi lokal Betriber ënnerstëtzen an d’Veräiner mat abannen.
  • Jonk Famillen wëlle mir an hirer Roll als Elteren stäerken an hinne Couren ubidden (z.B. vun der Initiativ Liewensufank oder der Eltereschoul) oder hinnen eng Méiglechkeet bidden, wou si zesummekommen an sech austauschen kënnen.
  • Duerch d’Schafe vu Picnic-Plazen wëlle mir fir eis Matbierger Plaze schafen, wou si zesummekommen an an engems vun eiser flotter Natur profitéieren kënnen. 
  • Ee Café an all Duerf ass wichteg fir d’Zesummeliewen an der Gemeng ze fërderen. Duerfir wëlle mir derfir suergen, dass och nees ee Café oder Brasserie op Dippech kënnt. D’Bedreiwer vun de Caféën a Brasserien, déi der Gemeng gehéieren, wëlle mir souwäit wéi méiglech ënnerstëtzen, fir dass si weiderhinn dësen Service fir eis Bierger ubidden.
  • Beim Ausschaffe vun engem PAP fir nei Quartieren soll och Wäert op d’Zesummeliewen geluecht ginn. Esou sollen nei Plazen geschafe ginn, wou d’Leit sech begéinen, Plazen wou d’Leit am Schied vun de Beem sëtze kënnen a Weeër, déi de neie Quartier mat aneren oder mat der Natur verbannen. D’Amenagement vum Wunnraum soll esou gestalt ginn, dass d’Leit sech begéinen an net einfach an hir véier Wänn zréckzéien.
  • De Gemeinschaftsgaart ass ee flott Konzept fir de Leit, déi keen eegene Gaart hunn, et ze erméiglechen hiirt eegent Geméis ze zillen, fir mat anere Leit zesummenzekommen a géigesäiteg Erfarungen ze sammelen. Dëst Konzept wëlle mir weider ënnerstëtzen a begleeden, fir dass mer iwwert dëse Wee eppes zur Nohaltegkeet an zur Entwécklung vum Zesummeliewen bäidroe kënnen.
  • Dee lokalen Uebst- a Geméisubau wäert promouvéiert gi, fir esou de lokale Besoinen besser nozekommen. Och d’Uleeë vun engem Gemeinschaftsbongert wäer eng flott Méiglechkeet een neit Zesummenliewen ze schafen.
  • Och d’Hausdéieren spillen fir de Mënsch eng wichteg Roll. Duerfir setze mir eis an, dass eng Hondspillplaz an eiser Gemeng ageriicht gëtt, wou d’Muppen sech ouni Léngt austobe kënnen.

Nohalteg

Eng besser Liewensqualitéit

Bis 2030 hunn d’Länner sech engagéiert fir déi 17 Nohaltegkeetsziler vun de vereenten Natiounen ëmzesetzen. Sie sollen ënnert anerem d’Aarmut bekämpfen an keen soll méi Honger leiden, jiddereen soll d’Recht hunn op eng gutt a fair bezuelten Aarbeschtsplaz an ons natierlech Ressourcen solle geschount ginn respektiv méi effikass genotzt ginn. Als Gemeng sollten mir hei aktiv eisen Deel dozou bäidroen dës Ziler ze erreechen, mat a fir eis Bierger: fir dass mir, eis Kanner an och eis Enkelkanner an eiser Gemeng gutt a gesond liewe kënnen. 

Eng Kommissioun fir Nohaltegkeet kéint an deem Sënn een Aktiounsplang fir d’Gemeng ausschaffen mat a fir d’Bierger an zesummen mat den Gemengeresponsablen konkret Mesuren analyséieren an iwwert hir Realisatioun décidéieren (Photovoltaikanlaagen bauen, op Pestiziden verzichten, ënnerorts Beem planzen fir esou Gréngs an eisen Dierfer ze erhalen an anengems déi extrem Temperaturen am Summer kënnen ze reduzéieren, Waasserspender bei den ëffentlechen Gebaier an Infrastrukturen).

Eng Wunneng fir jiddereen

  • Jiddereen, op jonk oder al, soll d’Méiglechkeet kréien an eiser Gemeng ze wunnen. Dofir mussen schnellstméiglech Wunnengen geschaf ginn, déi bezuelbar sinn respektiv un d’Besoinen vun eisen eelere Matbierger adaptéiert sinn anoch Persounen mat ageschränkter Mobilitéit een Alldaag ouni Barriären erméiglechen. 
  • D’Bautereglement muss schnellstméiglech ugepasst ginn, net nëmmen fir nei Wunnmodeller ze fërderen (Tiny Houses, Wunngemeinschaften, …), mee och fir deenen neien techneschen an nohaltege Méiglechkeeten Rechnung ze droen a fir punktuell Upassungen ze maachen déi hëllefen d’Baukäschten do wou et méiglech ass ze reduzéieren.  
  • De PAG muss och un déi aktuell Gesetzgebung ugepasst ginn a punktuell sënnvoll Erweiderungen sollen agefouert ginn, fir sou ze erméiglechen, dass an deenen nächste Joren neien dréngend noutwendege Wunnraum ka geschaf ginn.
  • Den Dippecher Duerfkär mam Centre Culturel an dem groussen Terrain mat den Haiser, déi d´Gemeng do besëtzt, muss revaloriséiert ginn. Op dësem Site kann ee Café mat Terrasse sou wéi bezuelbare Wunnraum réaliséiert ginn. Ausserdeem sollen och hei an deene kommende Joren Multifunktiounssäll fir Kultur a Fräizäit gebaut ginn. 
  • Zu Betteng am Duerfkär soll och den Ilot mam alen Pompjeesbau an dem fréiere Café revaloriséiert ginn an och hei soll schnellstméiglech bezuelbare Wunnraum entstoen.
  • Den Ausbau vum Kulturzentrum zu Betteng sou wéi d’Renovatioun vum Café sinn eng Prioritéit, well dës Infrastrukturen si wichteg Elementer vum Zesummenliewen an eiser Gemeng.

Naturschutz a Biodervisität

  • Am Allgemengen leeë mir vill Wäert drop, fir d’Natur an eiser Gemeng ze erhalen an esou eisen Awunner vill Erhuelungsméiglechkeeten an der Natur ubidden ze kënnen.
  • Dofir setzen mir eis fir méi Begréngung a manner Schottergäert rondrëm d’Haiser an. Méi Blummewisen an eiser Gemeng sollen den Insekten an der Natur zeguttkommen. Nei Beem solle regelméisseg geplanzt ginn, z.B. och fir all neigebuerent Kand.
  • Am Wanter soll manner Salz gestreet ginn.
  • Mir wäerten och weiderhinn eppes zum Natur- a Klimaschutz bäidroen andeems mir op erneierbar Energien setzen, déi mir souwuel an de Gemengeservicer wëllen asetzen an och bei de Bierger wëllen ënnerstëtzen.

Besser Verkéierskonzepter

  • D’Verkéiersberouegung an allen Duerfkären ass ee wichtegt Uleies dat schnellstméiglech muss emgesat ginn. Tempolimiten an allen Duerfkären sinn dréngend néideg fir d’Sécherheet vun jidderengem, op ze Fouss, um Velo oder am Auto, ze garantéieren.
  • All Zentrum vun den Uertschaften aus eiser Gemeng solle duerch ee Shared Space esou gestalt ginn, dass den Duerchgangsverkéier aus den Dierfer eraus bleift an dass Foussgänger, Velosfuerer an Automobilisten op dëse Plazen sécher laanschteneen kommen. Mat enger Brasserie oder aner Commercen, Sëtzplazen am Schied, Spillplazen sollen esou flott Zone geschaf ginn, wou d’Leit sech begéinen.
  • Des Weideren musse konsequent Mesuren agefouert ginn fir d’Vitesse vun den Autoen schon am Agang vun eisen Dierfer erofzesetzen. Dëst wëlle mir ënner anerem duerch Inselen a Stroosseverengungen op deenen betraffenen Plazen réaliséieren
  • Den öffentlechen Transport soll méi attraktiv ginn. Duerfir setze mir eis derfir an, dass d’Ubannung vun eiser Gemeng un den öffentlechen Transport (Bus an Zuch) weider ausgebaut gëtt an, dass d’Horairen vun deenen eenzelnen Verbindungen besser uneneen ugepasst ginn. Besonneg moies an owes zu den Stousszäiten brauche mir méi Verbindungen, och fir an d’Lyceeën. Och de Late Night Bus soll nuets fir eis Jugendlech méi Méiglechkeeten ubidden, fir sécher heem ze kommen. 
  • Well d‘Parkplazen bei de Garen scho längst net méi der héiger Nofro entspriechen, muss déi bestehend Offer u Parkplazen schnellstméiglech ausgebaut ginn. Ausserdeem ass et eis ee wichtegt Uleies, dass op mannst een Deel vun de Parkplazen fir d’Awunner aus eiser Gemeng reservéiert sinn (Aféierung vun enger spezieller Vignette fir eis Awunner). 
  • D‘Parken op verschiddenen öffentlechen Parkplazen an eiser Gemeng (zu Schuller virum Home St Joseph, beim Dippecher Centre culturel, …) soll zudeem zäitlech limitéiert ginn, fir ze verhënneren dass dës dee ganzen Dag blockéiert sinn an d’Leit déi an d’Apdikt, bei den Dokter oder an de Centre culturel op eng Manifestatioun wëllen, keng Parkplaz méi fannen.
  • Speziell Parkingen fir Betriebscamionnetten respektiv fir Autofuerer, déi den öffentlechen Transport wëlle benotzen, sollen aménagéiert ginn.
  • De Kiss and go virun der Schoul zu Schuller soll esou ageriicht ginn, dass en och just fir säin eigentlechen Zweck genotzt gëtt, an net méi fir ze parken.

Sécher zu Fouss an um Velo ennerwee 

  • Sëcher Fouss- a Velosweeër fir déi verschidden Deeler an der Gemeng mateneen ze verbannen sinn eng weider Prioritéit fir eis.
  • Mam Bau vun der Unterführung vun der N5 zu Schuller gëtt ee séchere Wee vu Sprénkeng an d’Schoul méiglech. Fir d’Bewegung vun eise Kanner ze fërderen, setze mir eis derfir an, dass ee Pedibus zu Schuller an zu Sprénkeng agefouert gëtt fir eis Kanner sécher an d’Schoul ze bréngen.
  • D’Velosweeër solle weider ausgebaut an ofgeséchert ginn, fir dass och de Velo vun all Kand ka genotzt ginn, fir an d’Schoul ze fueren.
  • Den Accès mam Velo oder zu Fouss vun der rue de l’église aus bei d’Schoul muss och méi sécher ginn. Duerfir setze mir eis derfir an, dass ee Veloswee duerch d’rue Tajel laanscht de neie Projet Design4All bis erop bei d’Schoul gebaut gëtt.
  • Mir wäerten eis bei der Police dofir staark maachen, datt reegelméisseg Vitesskontrollen um Schoulwee vun eise Kanner organiséiert ginn, fir esou de Verkéier an eiser Gemeng méi sécher ze maachen zu Zäiten wou d’Kanner an d’Schoul ginn respektiv aus der Schoul heem kommen.
  • All Zebrasträifen muss gutt beliicht sinn an ausserdeem esou gestalt ginn, dass d’Foussgänger sécher vun enger Stroossesäit op déi aner kënne kommen. 
  • Mir wäerten eis och bei der CFL dofir asetzen, dass d‘Gleiser besser ofgeséchert ginn.
  • Op eisem schéinen Autopedester muss deen Deel laanscht de Wee a Richtung Holzem méi sécher gestalt ginn. Fir dass eis Wanderfrënn net méi direkt um Bord vun der Strooss mussen trëppelen, soll ee separaten Wee aménagéiert ginn, getrennt vun der Strooss.

Ënnerstëtzung bei Naturkatastrophen 

  • Zanter e puer Joer kënnt et ëmmer méi zu onerwaarten Naturkatastrophen an dës kënnen jiddereen méi oder manner schlëmm treffen. Dëst gouf besonnesch däitlech nom Héichwaasser zu Schuller, Sprénkeng a Betteng, bei deem et Gott sei Dank bei héijem Materialschued bliwwen ass. Fir ons Gemeng an Zukunft fir sou Fäll gutt opzestellen, ass et wichteg, dass mir een effikassen Héichwaasserschutz (Réckhaltebecken an -zonen, Damm, Frühwarnsystem …) hunn an dëst virun allem op deene Plazen, déi am meeschten dovun betraff kënne sinn (bei der Tajel a laanscht d’Mess).
  • De Privatleit wärte mir eng finanziell Ënnerstëtzung fir Präventivmoossnamen aféieren.
  • Am Fall vun enger Naturkatastroph (Héichwaasser, Tornado,…) kann sech innerhalb vun enger Sekonn alles änneren. Dowéinst ass et wichteg schnellstméiglech an onkomplizéiert Hëllefen bereet ze stellen, virun allem fir déi Schwaach aus eiser Gemeng ze ënnerstëtzen, well d’Assurance oft réicht no e puer Méint entschiedegt.

Gesondheet stäerken

De Liewenstil vun haut, deen oft stressegen Alldag an ee wuessenden Leeschtungsdrock féieren ëmmer méi dacks zu Burnout an anere Krankheeten. Dowéinst ass et wichteg, dass mir eis ëm déi mental an kierperlech Gesondheet vun eisen Awunner këmmeren.

  • Fir den Ausgläich tëscht Beruff a Fräizäit ze fërderen muss d‘Offer un Fräizäitaktivitéiten am Beräich Sport a Fitness weider ausgebaut ginn.
  • Am Beräich „mental Gesondheet“ wëlle mir dowéinst eng Offer ubidden mam Zil Stress- a Burnoutpräventioun. Zu deem sollen Aktivitéiten wéi Yoga-, Sophrologie- an Achtsamkeitscouren oder och gemeinsam Trëppeltir zur Entspanung bäidroen.
  • Spezifesch Motorikcouren fir eis kleng Kanner a eis Senioren sollen ugebuede ginn, fir och si fit ze halen.
  • D’Offer vu medizineschen Servicer an eiser Gemeng soll ausgebaut ginn (Dokteren, Zänndokteren, Kinéen, Osteopathen, Infirmièren) an an deem Sënn setze mir eis fir d’Schafen vun engem Gesondheetshaus an, wou d’Gemeng Raimlechkeeten zu engem verstännege Präis un d’Dokteren an aner Déngschtleeschter aus dem Gesondheetsberäich verlount. 
  • Wëssend dass familiär Problemer leider eng Realitéit an eiser Gesellschaft sinn, setzen mir eis dofir an, dass eng Ulafstell geschaf gëtt, déi Affer vun häislecher Gewalt ennerstëtzt an och allgemeng bei familiären Problemer deene betraffene Leit zur Säit steet. 
  •  

Ressourcen a Liewensmëttel effikass notzen

  • Am Duerchschnëtt schmäisst eng Persoun zu Lëtzebuerg laut neisten Statistiken 88,5 kg Liewensmëttel pro Joer ewech, wouvun ongeféier 23,5 kg vermeidbar wieren. Eis Gemeng soll do eng Virbildfunktioun iwwerhuelen a konkret Mesuren aféieren, fir dës Verschwendung ze bremsen.
  • Am Kader vun engem Pilotprojet soll een Anti-Gaspi Automat/Frigo installéiert ginn wou d‘Iessen, dat an de Crèchen an an der Maison relais iwwregbleift, zu engem bëllege Präis de Lait aus der Gemeng zur Verfügung gestallt ka ginn. 
  • Mir wäerten weiderhinn regional, lokal a biologescht Iessen an der Maison relais an an de Crèchen ubidden.
  • Mir engagéieren eis fir all Bierger en gutt Qualitéit vum Krunnewaasser ze garantéieren. Och wäerte mir Drénke vu Krunnewaasser promouvéieren a fir weider Waasserspenderen op de Spill- a Sportplazen suergen.
  • Repaircafés an aner Initiativen fir de Saachen eng zweet Chance ze ginn sinn ëmmer méi an der Moud, genee sou wéi och Secondhandkleeder. Als Gemeng sollte mir dowéinst eis Offer zesumme mam EcoCenter Käerjeng ausbauen an interessant Evenementer organiséieren, déi dës Kreeslaafwirtschaftinitiativen ervirhiewen an ënnerstëtzen.
  • Zesumme mat der Emweltberodung Lëtzebuerg asbl, déi rezent de Projet „Gutt Geschier“ an d’Liewen geruff huet, sollten och mir an eiser Gemeng et den Awunner erméiglechen, ënnert anerem gutt Handwierks- a Gaardegeschier auszeléinen, anstatt et selwer mussen ze kafen fir de Privatgebrauch.

Betriber ënnerstëtzen

Eis lokal Betriiber schafen net nëmmen Aarbeschtsplazen an eiser Gemeng, mee bidden och eisen Awunner déi néideg Produiten a Servicer am Alldag un.

  • D’Offer un Aarbechtsplazen an eiser Gemeng ass vilfälteg an mir wëllen de Kontakt tëscht de potenziellen Employeuren an eise Matbierger verstäerken. An enker Zesummenaarbecht mat de lokale Betriber wäerte mir ënnert anerem Beruffsinformatiounsowender fir Jonker ubidden, souwéi fir déi néideg Visibilitéit vun de lokale Betriber op der Internetsäit an der DippApp suergen an eng lokal Jobbourse opsetzen. 
  • Mir wëllen als Gemeng kleng a mëttelstänneg Betriber a Commercen unzéien, déi eng Offer ofdecken, déi eis Matbierger brauchen, fir esou d’Liewensqualitéit weider ze verbesseren. 
  • Fir eisen Awunner ee besseren Iwwerbléck iwert d’Produiten an d’Servicer vun eisen lokalen Betriber ze erméiglechen, wëlle mir ausserdeem reegelméisseg ee Maart organiséieren, wou d‘Betriber aus der Regioun hir Saachen kënne verkafen.
  • Schlussendlech ass et eis ee speziellt Uleies fir déi wirtschaftlech Acteuren aus der Sozial- a Solidarwirtschaft ze ënnerstëtzen an unzezéien, déi zu enger nohalteger Entwécklung vun eiser Gemeng bäidroen wou de Mënsch an den Planéit am Mëttelpunkt stinn an net den Profit.

Verantwortungsvollen Emgang mat de Gemengefinanzen

D’Schold vun eiser Gemeng ass an deene leschte Joeren massiv an d’Luucht gaang, dëst duerch Ausgaben, déi besser geplangt hätten kéinte ginn. 

  • Mir setzen eis fir ee verantwortungsvollen an nohaltegen Ëmgang mat de Gemengefinanzen an.
  • Prioritär gëtt a Projeten investéiert, déi der Allgemengheet notzen a fir eng besser Liewensqualitéit a Sécherheet an der Gemeng suergen. Besonnesch d’Schafen vu bezuelbarem Wunnraum ass eng vun eise Prioritéiten iwwert déi nächst Joeren. 
  • Mat der CSV gi keng Ausgaben fir onnéideg Prestige-Projeten gemaach.

INKLUSIV.

Ee bessert Zesummeliewen

Mir wëllen eis fir een neit „Mateneen“ asetzen. Jidder Meenung an jidder Bierger zielt, egal op jonk oder al. Net manner wéi 4700 Awunner huet eis Gemeng an et ginn der all Dag méi. Fir eis ass all Bierger gläich an den Zesummenhalt an der Gemeng gëtt bei eis grouss geschriwwen. 

Ee staarkt Veräinsliewen

D’Veräinsliewen ass wichteg fir den Zesummenhalt tëscht eise Matbierger.

  • Duerfir wëlle mir als Gemeng op déi spezifesch Besoinen vun eise Veräiner agoen a fir gutt Infrastrukturen suergen, déi et hinnen erlaben hir Aktivitéiten an engem flotten Kader ze realiséieren. Ënnert anerem suerge mir derfir, dass ee Spullwon fir Manifestatiounen ugeschaaft gëtt.
  • D‘Critèren fir d’Subsiden un d’Veräiner ze verdeelen sollen ausgebaut ginn an mir wëllen déi Veräiner besonnesch fërderen, déi zum Beispill eng gutt Jugendaarbecht leeschten oder Aktivitéiten ubidden, déi d’Zesummeliewen an der Gemeng fërderen, respektiv déi sech am karitative Beräich asetzen.
  • Fir eis Wäertschätzung vum Benevolat zum Ausdrock ze bréngen wärte mir als Gemeng kucken iwwert wéi ee Wee mir eis engagéiert Matbierger am Dengscht vun der Allgemengheet ennerstëtzen.

Servicer fir all Matbierger

  • Och wann déi eeler Bierger ëmmer méi laang autonom kënnen doheem wunne bleiwen, ass et wichteg dass mir zesummen mat eisen Noopeschgemengen elo d’Geleeënheet ergräifen a fir weider Méiglechkeeten an zousätzlech Plazen an Altersheemer fir eis eeler Bierger ze suergen.
  • Ëmmer méi Leit sinn op finanziell Hëllef an Ënnerstëtzung am Alldag ugewisen. Duerfir wäerte mir eis fir ee gudden Service vum Office social asetzen an derfir suergen, dass dësen méi Visibilitéit kritt.
  • Déi öffentlech Gebaier a Plazen sollen zougänglech sinn fir jiddereen. Duerfir setze mir eis derfir an fir do nozebesseren wou et néideg ass a mir wäerten och inklusiv Spillplazen ariichten.
  • Als Gemeng wëlle mir eise Bierger eng Ënnerstëtzung bei administrativen Démarchen a bei der Digitaliséierung ubidden. Fir Leit, déi digital nach net esou fit sinn, wäerte mir dowéinst verstäerkt Coure proposéieren an eng Ënnerstëtzung ubidden fir op konkret technesch Froen ze äntweren a bei der Bedéngung vun digitalen Apparater ze hëllefen.
  • De regionalen Service deen vum CIGR DIREGA fir eeler Leit ugebueden gëtt fir hinnen eng Ënnerstëtzung bei Haushaltsaarbechten (z.Bsp. Hecke schneiden, Schnéi vum Trottoir wegmaachen, Onkraut rappen) ze sinn soll weider ënnerstëtzt an ausgebaut ginn .

Verschidde Kulturen, verschidde Sproochen, verschidde Besoinen

  • D’Informatiounen um Internetnetsite, an de Publicatiounen an an der DippApp sollen accessibel fir jiddereen ginn.  Wëll mir eng méisproocheg Gesellschaft sinn a wëll jiddereen soll Zougang zu dësen Informatiounen hunn, soll den Internetsite och méisproocheg ginn.
  • Mat engem Sprooche-Café (“ Café des langues”) wëlle mir eise Bierger eng Méiglechkeet ubidden, wou déi lëtzebuergesch Sprooch ausgeübt gëtt respektiv wou een och d’Méiglechkeet kritt, fir sech an enger anerer Sprooch auszetauschen an aner Kulturen an Traditiounen kenneléiere kann.
  • Och Kachcouren vu verschiddene Kulturen sollen ugebuede ginn, fir dësen Austausch weider ze fërderen.

Jiddereen kann hellëfen

Iwwert d’Aféieren vun enger Noperschaftsapp wëlle mir d’Solidaritéit promouvéieren, wou een deem aneren hëllefe kann. 

  • Pensionéiert Leit mat den néidege Kompetenzen kënnen eng wäertvoll Ënnerstëtzung fir Kanner sinn wann et em d’Hausaugabenhëllef geet. 
  • Jugendlecher kënnen awer och denen eelere Leit zur Säit stoen fir hinnen den Emgang mat deenen neien digitalen Moyens (z. Bsp. Handy an Internetbanking) bäizebréngen  
  • Zesummebrénge vun de Generatiounen ass fir eis wichteg a mir wäerten eis derfir asetzen, dass méi intergenerationnell Aktivitéite stattfannen an esou een deem aneren hëllefe kann.