Skip to content

Kapitel 2: Nohalteg.

Nohalteg.

Eng besser Liewensqualitéit

ENG WUNNENG FIR JIDDEREEN

  • Wunnenge schafen, déi fir eis eeler Awunner souwéi Leit mat spezifesche Besoinen ugepasst sinn
  • Schafen vu bezuelbarem Wunnraum an aféieren vun neien Wunnkonzepter (Tiny Houses, Wunngemeinschaften, …)
  • Sënnvoll Erweiderungen vum PAG an Upassung vum Bautereglement fir onnéideg administrativ Hürden a Käschte ze verhënneren

NATURSCHUTZ A BIODERVISITÄT

  • Méi Begréngung rondrëm d’Haiser, manner Schottergäert
  • Méi Blummewisen
  • Méi Beem planzen, z. B. och fir all neigebuerent Kand
  • Manner Salz streeën am Wanter

BESSER VERKÉIERSKONZEPTER

  • Verkéiersberouegung dank Tempo 30-Zonen
  • Verengungen an Inselen am Agang vun den Dierfer
  • „Shared spaces” an den Duerfkären
  • Den öffentlechen Transport méi attraktiv maachen
  • Méi Parkplazen bei de Garen a laanscht d’Buslinnen
  • Verschidde Parkplazen zäitlech limitéieren
  • Parking fir Betribscamionetten

SÉCHER ZU FOUSS AN UM VELO ENNERWEE

  • Weider Fouss- a Velosweeër fir eis Dierfer a Quartieren mateneen ze verbannen
  • Fouss- a Velosweeër besser virum Verkéier ofsécheren
  • Pedibus fir Sprénkeng a Schuller
  • Méi Vitesskontrollen um Schoulwee vun eise Kanner
  • Gutt Beliichtung vun all den Zebrasträifen
  • Sécheren Zougang mam Velo an zu Fouss bei d’Schoul
  • Intelligent Stroossebeliichtung, fir ze vermeiden, dass et nuets komplett däischter gëtt

ËNNERSTËTZUNG BEI NATURKATASTROPHEN

  • Besseren Héichwaasserschutz duerch méi Réckhaltebecken an -zonen, Dämm, Frühwarnsystemer
  • Finanziell Ënnerstëtzung fir Preventiounsmossnamen
  • Ënnerstëtzung vun de betraffenen Affer

GESONDHEET STÄERKEN

  • Couren ubidden fir eng staark mental a kierperlech Gesondheet vun eisen Awunner
  • Ee Gesondheetshaus mat verschiddenen medizineschen Servicer
  • Eng gutt Qualitéit vum Drénkwaasser garantéieren an dës Ressource nohalteg verbrauchen

RESSOURCEN A LIEWENSMËTTEL EFFIKASS NOTZEN

  • Anti-Gaspi Frigo
  • Repair-Café
  • Kreeslaafwirtschaft fërderen wéi z. Bsp. duerch d’Ausléinen vun Handwierks- a Gaardegeschier

BETRIBER ËNNERSTËTZEN

  • Méi Ënnerstëtzung a Visibilitéit fir eis lokal Betriber a Commercen an hir Aarbechtsplazen
  • Betriber unzéien, déi d’alldeeglech Besoinen vun de Bierger ofdecken
  • Wirtschaftlech Acteuren aus der Sozial- a Solidarwirtschaft ënnerstëtzen an unzéien

VERANTWORTUNGSVOLL FINANZEN

  • Verantwortungsvollen Ëmgang mat de Gemengefinanzen
  • Prioritär Investissementer fir d’Allgemengheet an d’Sécherheet
  • Keng Ausgaben fir onnéideg Projeten

Beitrag deelen