Skip to content

Kapitel 3: Inklusiv.

Inklusiv.

E bessert zesummeliewen

EE STAARKT VERÄINSLIEWEN

  • Op d’Besoinen vun eise Veräiner lauschteren an fir gutt Equipementer (ë.a. ee Spullwon) an Infrastrukturen suergen
  • Ausbau vun den Critèren fir d’Subsiden ze verdeelen 
  • Wäertschätzung vum Benevolat

SERVICER FIR ALL MATBIERGER

  • Méi Kapazitéit fir eis eeler Matbierger an den Altersheemer aus de Nopeschgemengen
  • Ënnerstëtzung bei administrativen an digitale Demarchen
  • Ënnerstëtzung bei Haushaltsaarbechten fir eeler Leit souwéi Matbierger mat spezielle Besoinen (Gaardenaarbechten, Schnéi vum Trottoir eweg maachen, …)

VERSCHIDDE KULTUREN, VERSCHIDDE SPROOCHEN, VERSCHIDDE BESOINEN

  • Méisproochegkeet vun den Informatiounen
  • Sproochecafé fir sech a verschiddene Sproochen auszetauschen
  • Kachcouren fir déi verschidde Kulturen an Traditiounen ze entdecken

JIDDEREEN KANN HELLËFEN

  • Aféierung vun enger App déi d’Noperschaftshëllef vereinfacht
  • Intergenerationell Hëllef: déi jonk kënnen deenen eeleren villes bäibréngen (z.B. an der Digitalisatioun an am Ëmgang mam Handy) an déi eeler Matbierger kënnen hir Erfarungen mat der méi jonker Generatioun deelen (z.B Nohëllefsstonnen)

Beitrag deelen