Skip to content

Op de Punkt 06/2023

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Elo ass et gläich souwäit. Endlech kënne mir och eemol an eiser flotter Gemeng matbestëmmen. De Sonndeg, 11. Juni sinn d’Gemengewalen. No villen a laangen Diskussioune mat Iech, hu mir festgestallt, dass et nach vill an eiser Gemeng ze maachen an ze verbessere gëtt. Wann ech esou an de Walprogrammer vun eiser Majoritéit liesen, hu mir ganz vill gemeinsam Punkte, déi mir scho laang fuerderen. 

Firwat, no 12 Joer am Schäfferot, kommen se elo mat all deene gudden Iddien? Firwat gouf wärend 12 Joer keng dovun ëmgesat? 

An dësem Op de Punkt stelle mer Iech nach emol eis Kandidate vir a ginn och op verschidde Projeten an, déi mir als CSV an de leschte Jore konnte matdroen. Mir ginn Iech awer och Erklärunge firwat mer Verschiddenes net matgestëmmt hunn an, nach méi wichteg, wat mir géinge besser maachen.

Et gëtt Zäit, no 12 Joer Stëllstand, fir Verännerungen. Dofir, gitt den 11. Juni, all Är 11 Stëmmen der CSV. E grousse Merci un Iech alleguer, mir paken et zesummen un.

Eng staark Equipe fir Dippech vu muer

Beitrag deelen